De Schäfferot vun der Gemeng Monnerech invitéiert, zesumme mat der Sportskommissioun, op de Monnerecher Laf 2025! Den Départ an d'Arrivée sinn am Park Molter.
Programm:
>>> Kids Run I
fir Kanner vu 4 bis 6 Joer
Warm-Up:14h50
Départ: 15h00
Distanz: 500 m (1 Tour duerch de Park)
Participatioun: gratis
>>> Kids Run II
fir Kanner vu 7 bis 10 Joer
Warm-Up: 15h15
Départ: 15h20
Distanz: 1.000 m (2 Tier duerch de Park)
Participatioun: gratis
>>> Monnerecher Laf
Warm-Up: 15h50
Départ: 16h00
Distanz: 5, 7 oder 10 km
Participatioun: 5 Euro (op der Plaz ze bezuelen)
>>> Monnerech trëppelt
Départ: 16h05
Distanz: 5 oder 7 km
Participatioun: 5 Euro (op der Plaz ze bezuelen)
Kee Chronométrage (Charity Run).
Umeldung
D'Participatioun gëtt integral u "Monnerech hëlleft" gespent.
Eng Virumeldung ass net néideg/méiglech. De Formulaire fir d'Umeldung kënnt dir hei eroflueden:
https://www.mondercange.lu/agenda/monnerecher-laf-2025
Fëllt dëse bequeem doheem aus a bréngt en den Dag vun der Course mat an de Park.
D'Dossard'en fir d'Course kënnen den Dag vun der Course vun 12h00 un am Park Molter ofgeholl ginn. Opgepasst: den Organisateur stellt kee Vestiaire zur Verfügung.
Nom Laf ass fir Animatioun, Iessen a Gedrénks gesuergt. Vun 18 Auer un sti Concerten ënnert dem Motto "HipHop made in Lux" um Programm.
Entdeckt de ganze Programm am Kader vun Nationalfeiderdag am Agenda op
https://www.mondercange.lu/agenda ("Lëtz Celebrate").
You may also like the following events from Gemeng Monnerech:
Also check out other
Workshops in Pontpierre,
Kids events & activities in Pontpierre,
Nonprofit events in Pontpierre.