De Schäffen- a Gemengerot invitéiert op d'Festivitéiten am Kader vun Nationalfeierdag an huet déi grouss Freed an Éier den Ierfgroussherzog Guillaume an d'Ierfgroussherzogin Stéphanie zu Monnerech ze empfänken.
De Programm vum Dag:
13h00 - Ouverture vun de Stänn am Park Molter
15h30 - Feierlechen Te Deum an der Monnerecher Kierch
16h15 - Opstelle vum Cortège
17h00 - Arrivée an Accueil vun der ierfgroussherzoglecher Koppel
17h05 - Blummennéierleeung beim Monument aux Morts
17h15 - Départ vum Cortège duerch d'Escher- a Lampecher Strooss
17h45 - Arrivée vum Cortège am Park Molter
Uschléissend Usproch vum Buergermeeschter, Ufänke vum Scouts-Feier, Visitt vun de Stänn duerch d'Éieregäscht an Éierewäin offréiert vum Schäfferot vun der Gemeng Monnerech.
19h30 - Concert mat der Coverband "Changes"
22h30 - Lasershow
00h00 - Feierowend
De ganzen Owend iwwer Animatioun mam DJ Cherry.
Fir äert Wuel suergen d'Veräiner aus eiser Gemeng.
𝗣𝗿𝗼𝗳𝗶𝘁𝗲𝗶𝗲𝗿𝘁 𝘃𝘂𝗻 𝗱𝗲 𝗴𝗿𝗮𝘁𝗶𝘀 𝗡𝗮𝘃𝗲𝘁𝘁𝗲𝗻!
D'Bus 34 Asbl bréngt Iech vun 14h00 bis 02h00 vun de Parkinge beim Fussballsterrain (FLF) a Karting (ACL) an de Park Molter an zeréck. De provisoresche Busarrêt befënnt sech um hënneschten Deel vum Parking (am Ufank vum Wee beit Kartings-Pist) an ass gezeechent.
Eng zweet Navette verbënnt de Parking vum Supermarché E.Leclerc zu Féiz mam Park Molter a fiert vu 14h00 bis 1h00 am 10-Minutten-Takt.
D'Parkplazen am Duerf si limitéiert. Mir bieden Iech Rücksicht op d'Noperen ze huele wann Dir mam Auto kommt.
𝗥𝗲-𝗨𝘀𝗲
Am Sënn vun der Nohaltegkeet benotze mir de ganze Weekend iwwer Mehrweg-Geschier, wat op der Plaz gespullt gëtt. Fir dass dëst Geschier am Circuit bleift, setze mir op e Pfandsystem. Mir soen Iech Merci fir d'Matmaachen an Äert Versteesdemech.
You may also like the following events from Gemeng Monnerech:
Also check out other
Concerts in Pontpierre,
Music events in Pontpierre,
Entertainment events in Pontpierre.