De 15. August 2025 ass et nees esou wäit, dann huet den Ouljer Ping Pong seng
12. Editioun vun hierem Summerfest mat groussem Intenrennen op der Syr.
Um 11:00 Auer geet et lass mat vill Animatioun vir Kanner ( Grouss Spillplatz, en Tour mat der Pärdskutsch, grouss Sandkaul, ...)
Geint den Honger an Duuscht ass och beschtens gesuergt. ( Poulets-Fliiten, Baurenzalot, Gegrills, Fritten, Kuch a Glace).
Um 16:00 Auer ass dat grousst Interennen wou iwwert 1.600 Inten op der Syr Schwammen geloss ginn. Dir kënt är Inten ganz einfach bei engem vun onse Memberen kaafen.
1.Präiss - 175€
2.Präiss - 100€
3.Präiss - 75€
4.Präiss - 50€ a nach vill weider schéin Gewënner
An dat fënnt alles zu Ouljen op der Millen statt ( 12 rue de Flaxweiler)
Den Ouljer Ping-Pong freet secg op Iech
Also check out other Sports events in Junglinster.