Hallo dir léif Leit,
d‘Amicale CIS Jonglënster organiséiert dëst Joer erëm de legendäre Firefighter Beach Challenge!
Dir sidd häerzlech agelueden op eis 8. Editioun, den 23. August um 9 Auer!
All Ekipp spilt drems der Ekipp 4 aus der Stad, de Wanderpokal ofzeknäppen! Natierlech ginn et och nach aner cool Präiser ze gewannen!
D‘Spillreegel si ganz einfach. All Ekipp besteet aus maximal 7 Léit, maximal 5 Spiller um Terrain a 2 Ersatzspiller, zousätzlech muss minimum 1 Fra um Terrain stoen a maximal 1 lizenzéierte Spiller pro Ekipp.
Dir kënnt iech op der E-Mail Adress
YmVhY2ggfCBjaXNqdSAhIGx1 umellen.
Mir froe 17€ pro Spiller fir d‘Umeldung.
Denkt drun dat d‘Umeldung eréischt vollständeg ass, wann d‘Iwwerweisung och gemaach gouf.
Kontosnummer fannt dir hei:
BCEE: LU65 0019 9100 3902 5000
BIC: BCEELULL
W.e.g. gitt béi der Iwwerweisung de Numm vun ärer Ekipp un.
Bis den 23. August,
Är Amicale CIS Jonglënster Ekipp
Also check out other Contests in Junglinster.