BËSCH AM KRICH - KRICH AM BËSCH 2025
SAMSDEG, DE 5. JULI 2025
"Erelchen" beim Mélickshaff | Signaléierung Parking ab der Sortie N11, rte de Lux. (vis a vis CGDIS) 09:00–16:00 Auer Fräien Entrée – ouni Umeldung
E Samsdeg, de 5. Juli 2025, invitéieren d’Stad Iechternach an hir Partner op d’ëffentlech Veranstaltung „Bësch am Krich – Krich am Bësch“.
Laanscht engem signaléierte Bëschwee am Gebitt "ERELCHEN", beim Mélickshaff, erliewen d’Visiteure verschidde Statiounen, déi sech mat de Follege vum Zweete Weltkrich op d’Natur, d’Ëmwelt an d’Gesellschaft auserneesetzen.
D’Veranstaltung weist op beandrockend Aart a Weis, wéi staark d’Bëscher duerch Kämpf a Krichshandlungen zerstéiert goufen – a wéi ekologesch, historesch a politesch Narben nach haut siichtbar sinn.
STATIOUNEN
1. Spueren vum Krich am Bësch
2. Crossing River Sauer: Déi entscheedend Attack vun den Amerikaner iwwert d’Sauer
3. Den Alldag vun der Zivilpopulatioun wärend der Besatzung
4. Granaten a Sprengstoff: Wat een haut nach fënnt
5. Zerstéierung a Rekonstruktioun vun der Stad Iechternach
6. Historesch Gefierer vum II. Weltkrich an Iwwerreschter vun Infanteriestellungen
7. De Bunker oder d’Verstopp vun de Refraktären am Bësch « Lëtzert »
8. D’Monument vum Flieger, deen den 10. Mee 1940 um « Mélick » rofgefall ass.
9. Zousätzlech Ausstellungen iwwer Ausrüstungen a Materialien
ORGANISATEUREN:
D'Stad Iechternach, Natur- a Bëschverwaltung – Arrondissement Centre-Est, Lëtzebuerger Arméi, Nationalmusée fir Militärgeschicht zu Dikrech, CEBA, Studiegrupp zur Ardennenschlacht, Sektioun Iechternach vun de Zwangsrekrutéierten – Affer vum Nationalsozialismus, Quadriga, Veräi vun de Sammler vu Militärgefierer.
You may also like the following events from Ville d'Echternach: