Den TriVoQuiz am Trifolion zu Iechternach geet a seng drëtte Ronn. Mellt Iech séier un, a verbréngt den 27. September e gemittlechen, spannenden a lëschtegen Owend mat Frënn oder Famill bäi Kéis oder Charcuteriesplateau an den Volleyball Eagles Iechternach.
Rot mat a beäntwert spannend a witzeg Froen vum Steve Wagner a gewannt flott Präisser.