Den FC Koeppchen freet sech Iech op déi 7. Editioun vum „Oktoberfest am Wormer-Stadl“ invitéieren ze kënnen.
Den 25. Oktober 2025 ass et dann nees esouwäit, dann heescht et nees “O‘zapft is“, „Oans, Zoa g’suffa“ an „ein Prosit der Gemütlichkeit“ um Oktoberfest am Wormer-Stadl.
Mir wärten Iech e geselleschen Owend am bayresche Style mat guddem bayresche Kascht, original bayresche Béier an enger flotter Ambiance ubidden.
Fir déi bescht Stëmmung suergen dës Joer den Hoffi-Zambezi an d‘Wiesnstürmer!
Reservéiert elo schon är Plazen a gidd en Deel vun der 7. Editioun vum Oktoberfest am Wormer-Stadl.
1 Plaz am Wormer-Stadl = 60 Euro pro Persoun
Am Package enthaalen ass:
- Entréesticket
- Reservéierten Dësch
- Service um Dësch
- 1/2 Maß Béier (oder Softdrink/eng Coupe Crémant)
- 1 Salzbretzel
- 1 Plat au Choix (Hax, Hendl, kaale Plat,Vegetaresch)
Wëllt dir zousätzlech:
- kaale Plat (25 Euro pro Plat) oder
- Weisswürste (15 Euro pro Plat) als Entrée
sou musst dir dësen zousätzlech bestellen.