🍇🥖 Marche Dégustative 2025 – Eng kulinaresch Rees zu Fouss 🥂🍯
🎉De Syndicat d’Initiative et de Tourisme Larochette organiséiert fir de 5. Oktober 2025 eng eenzegaarteg kulinaresch Wanderung vun 11 km duerch déi prähistoresch Landschafte ronderëm d’Fiels.
🎉 Ënnerwee erwaarden Iech vill Stänn mat regionale Spezialitéiten: Wäin, Crémant, Béier, Berdorfer Kéis, Hunnegprodukter, Lëtz-Spritz, Kaffi, Gin & vill méi.
Am Schluss erwaart Iech e grousse Buffet an der Kleederfabrek, preparéiert vum Christine & Alex (Reilandermillen).
📌 Praktesch Infoen:
📍 Depart: 9:30 – 11:00 Auer, Kleederfabrek, Fiels
💶 Präis: 60 € / Persoun (Kanner bis 16 Joer: 30 €, bis 6 Joer gratis)
⏳ Nëmmen op Reservatioun bis den 20. September 2025
📧 Reservatioun:
aW5mbyB8IHZpc2l0bGFyb2NoZXR0ZSAhIGx1
🏦 Bezuelung: SITL – BCEE LU06 0019 2900 0291 6000
☎️ Info: 26 87 09 68 (Tourist Info Fiels)
🐾 Hënn si wëllkomm (un der Léngt).
🚶♀️ D’Marche ass net poussette- a rollstullgerecht.
👉 Genéisst eng lecker, geselleg a sportlech Rees duerch d’Natur an der Fiels!