Kräizt iech den zweeten Adventsweekend am Kalenner 📅 un!
🌠 5️⃣ten 6️⃣ten 7️⃣ten Dezember 2025 🎄
Chrëschtmaart op der Heringer Millen
Hei fannt dir garantéiert déi passend Chrëschtkaddoen 🎁 a kënnt e puer gemittlech Stonne verbréngen 🤩!
- hausmaacher Äppeljack, Glühwäin a -Gin
- frësch aus dem Holzuewen gebaake Boxemännecher, Stollen a Millebrout
- gebootschte Grompere mat an ouni Speck, Verschiddenes vum Grill, Kniddelen a Paangecher
- handgemaachten Deko a Kaddoen aus Stoff, Holz, Metall, Keramik, ...
a fir de Genoss: Gin, Kichelcher, Sirop, Likör, Gebeess, a villes méi
- all Dag Live-Concert
- Sonndes kënnt de Kleeschen och op Besuch 🎅
Och dëst Joer nees, ass den Chrëschtmaart ass als Green Event 🌿 ugemellt, wouduerch mir eis engagéieren den ökologeschen Foussofdrock vun den zu Lëtzebuerg 🇱🇺 organiséierten Veranstaltungen ze reduzéieren. 🌍 Besseren Tri fir den Recycling♻, nach méi regional resp. fair gehandelt, manner Offall, manner Plastik! Dofir denkt drun eng Ecotuut🛍 oä. anzepaken.
Also check out other Concerts in Beaufort, Music events in Beaufort, Entertainment events in Beaufort.