Den 14. September 2025 organiséiert den DT Recken/Miersch vir déi 17. Kéier de Konschthandwierksmaart "Eenelter Maart".
Den Eenelter Maart fënnt am alen Duerfkär vu Recken bei Miersch statt. Vun 10 bis 18.30 Auer fannen t'Visiteuren hei nieft konschthandwierklechen Objeten (Holz, Metall, Steen, Molereien) och Liewensmëttel aus der regionaler Produktioun. Nieft dem Kaf vun originellen a konschtvollen Unikater besteet och t'Méiglechkeet verschiddenen Handwierker bei der Hierstellung vun hire Konschtwierker iwwert t'Schëller ze kucken.
De schéin restauréierten Duerfkär bitt de passenden Kader vir den Eenelter Maart. Iwwer 150 Aussteller sinn souwuel op Stänn an de Stroossen wei och a Garagen a Schéieren ze fannen. Nieft enger Reih lëtzebuerger Kënschtler an Handwierker, fannen och däitsch, franséisch a belsch Konschthandwierker den Wee an den Zentrum vum Land. Sou sinn hei och néi Gesichter unzetreffen, déi op de lëtzebuerger Konschthandwierksmärt nach net sou bekannt sinn.
Nieft ville Workshops an deenen t'Kanner hirer Kreativitéit freie Laaf kënne loossen, get den ganzen Dag Animatioun fir Kanner ugebueden. Mierscher Geschichtsfrënn machen um 14:30 eng Visitt vun der Reckener Kapell.
Den Zentrum vu Recken gëtt den Dag vir de Verkéier gespaart. Am Agang vu Recken stinn grouss Parkingen zur Verfügung. Vun hei aus, ass een ouni Problem séier ze Fouss um Maart.
Vir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.
Wann dir Froen oder weider Informatiounen iwwert den Eenelter Maart wëllt hunn, dann schréiwt eis gär iwwer Facebook oder op www.dt-recken.com
Also check out other Workshops in Strassen.