L‘apéro du St. Denis
Sonndes, den 5. Oktober 2025 vun 11:00 bis 17:00 Auer zu Kanech op der place publique virun der Gemeng.
Kommt a genéisst äre léifsten 🥂 Aperitif oder Fiederwäissen/rosé 🍇 op der schéiner Platz tëschent der Gemeng an der Kierch, bei enger flotter Hierscht Ambiance!
Fir den klengen Honger zerwéiere mir iech gären eng 🫓 Tarte flambée aus dem 🔥🪵 Holzuewen.
Mir si frou, fir ons Manifestatioun de Logo GREEN EVENTS kritt ze hunn. Dëst ënnersträicht an erkennt déi nohalteg a klimafrëndlech Organisatioun vun dësem Event un. Besonnesch vill Wäert ass op déi folgend Krittäre geluecht ginn:
· Mir verzichte bewosst op Eeweegeschier a reduzéieren de Gebrauch vu Plastik op e strikte Minimum.
· D’Iessen ass gréisstendeels saisonal, lokal & regional & zum Deel bio zertifiéiert.
· Gedrénks sinn exklusiv Lëtzebuerger Produiten & zum Deel bio zertifiéiert gehandelt.
· Mir benotzen ekologescht Botzmaterial esou wéi recycléierten Hygiène-Pabeier.
· Eis Dekoratioun besteet aus upcycelten, recycléierten oder recyclabele Materialien.
· Mir reduzéieren eise Reschtoffall op e Minimum andeems mir alles richteg trennen a recycléieren.
Weider Informatiounen zum Logo GREEN EVENTS op www.greenevents.lu
Wéi kommen ech am beschten op den “L’Apéro du St. Denis»?
Den Awunner vu Kanech leen mir un d'Häerz ganz einfach ze Fouss oder mam Vëlo op eisen Apéro ze kommen.
Stellplaze fir ären Vëlo si virum Gemengehaus.
Eis Clienten wou vu méi wäit komme, kënne gären op den ëffentlechen Transport zeréck gräifen, folgend 2 Buslinne fueren op Kanech; 323 & 421. Informéiert iech am beschten op mobiliteit.lu
E flotten Nieweneffekt wann dir net mam Auto op eisen Apéro kommt, ass och nach, dass dir esou ouni schlecht Gewësse, ee Patt méi bei eis kënnt drénken.
You may also like the following events from Pudenis asbl Canach: