Dëst Joer fënnt déi 2. Editioun vun eisem Charity Darts Turnéier an der Schungfabrik zu Téiteng statt.
🎯Gespillt gëtt am "Highscore"-Modus, mat de Soft Darts (déi elektronesch Versioun) an Ekippe vu 4 Leit.
Startgeld ass 5€ pro Spiller, also 20€ pro Ekipp.
🎯D'Darts ginn op der Plaz zur Verfügung gestallt. Der kënnt awer och är eegen Darts matbréngen.
🎯Den Start vum Turnéier ass um 13:00 Auer, dowéinst sollt der fir 12:30 Auer an der Schungfabrik présent sinn.
🎯Umellen kënnt Der ärch via privat Noricht iwwert eis Facebook Säit, via Email (
a291bGxlbmJvYiB8IGdtYWlsICEgY29t), oder bei all Comitésmember.
Et ass Ärch ugeroden fir Ärch am Viraus unzemellen, d'Plazen si limitéiert. Den Dag selwer kënnt der Ärch nach op der Plaz bis spéitstens 12:00 Auer umellen (sans garantie).
Fir Iessen a Gedrénks ass selbstverständlech gesuergt!
🍺 Ab 11:00 Auer gëtt et Apéro.
🌭 Ab 12:00 Auer sinn d' Wuppe vum Grill prett.
#OnCompteSurVous
Also check out other Nonprofit events in Dudelange.