Et ass schons eng laangjähresch Traditioun, dass eis Amicale vun der Maison Relais (AMARE) zesummen mat der ONG Hand an Hand an dem Kannertheatergrupp Dausendbéngchen e musikaleschen Theater fir Grouss a Kleng organiséieren. Dëst Joer steet "Numia", e musikalesche Kannertheater den 18. Januar 2026 um 15:00 um Programm. Den Erléis ass wi all Joers fir di sozial Projeten vun der ONG Hand an Hand a méi spezifesch fir Kanner mat spezielle Bedürfnisser.
D’Numia ass aneschters. Et kënnt vu wäit hier - vum Planéit Fantamira - a lant matten ënnert eis. Matt groussen Aen, engem oppenen Häerz an enger zolitter Portioun Fantasie geet hatt op d’Mënschen duer. Mee wat geschitt, wann een net esou ass wéi déi aner? Wann een dreemt, do wou anerer plangen, fräi danzt, do wou anerer sech am Takt beweegen.
An enger moderner a faarwefrouer Musical-Adaptatioun vum Josy Braun senger bekannter Geschicht, erziele Kanner fir Kanner an hier Familljen d’Geschicht vun Ausgrenzung, Mutt, Respekt a Frëndschaft an dovunner, wéi wäertvoll et ass, einfach sech selwer ze sinn.
Begleet vu flotter Musek, liichtende Faarwen an enger grousser Portioun Zauberei, luet dëst Stéck grouss a kleng Spectateuren op eng Fantasierees an, déi un d’Häerz geet an Hoffnung schenkt.
Also check out other Arts events in Differdange, Theatre events in Differdange.