Relaxen Kaarten-Owend
Freides, den 10. Oktober um19:30 um Camping zu Bettenduerf
Mir lueden all Frënn vum Konter-Matt häerzlech an op eng gemittlech Kaarten-Partie. Egal ob Ufänger oder alen Hues, ob mat Partner oder eleng – jidderen ass wëllkomm!
Wichteg: Et ass kee Tournoi, mä et geet just dorëms zesummen ze spillen a Spaass ze hunn. Mir kucken, datt jidderee seng Partien kritt, a Partner oder Géigner kënnen natierlech am Laf vum Owend gewiesselt ginn.
Startgeld gëtt et kee, d’Kaartespiller stelle mir zur Verfügung. All aner Consommatiounen bezillt jidderee selwer.
Wann Dir Froen hutt, da kënnt Dir Iech gären bei engem vun eis véier mellen.
Mir géifen eis immens freeën, wann e puer Leit Loscht a Zäit hätten, e flotte Konter-Matt Owend mat eis ze verbréngen.
Mil, Berti, Robert a Robbes
Also check out other Trips & Adventurous Activities in Diekirch.