LU
Wéi déi meescht vun iech mat kruten, huet eis de Pascal vu Wooltz viru kuerzem fir ëmmer verlooss. Fir him Äddi a Merci ze soe fir alles, organiséiere mir vum Dreamland aus mat der Ënnerstëtzung vu senge Frënn a vun de Leit vu Wooltz, him eng läscht Party. Eng Gedenkfeier wéi se him gefall hätt.
Um Programm sti musikalesch Performancë vu lokale Museker a Bands déi dem Pascal no stoungen an him wëlle gedenken a et wäerten och e puer Wierder gesot ginn iwwert dee Mënsch deen hie wor. Fir iessen a Gedrénks ass natierlech gesuergt. Den Erléis vum Event geet un seng Famill.
Wann dir och wëllt dat eent oder anert Lidd performen oder e puer Wierder zum Pascal wëllt soen, mëll dech bei eis.
Wann dir Fotoen a Videoe vum oder mam Pascal hutt, kennt dir eis déi och gären zoukomme loossen.
EN
As most of you have heard, our Pascal vu Wooltz recently left us forever. To say goodbye and thank him for everything, we from Dreamland, with the support of his friends and the people of Wiltz, are organizing a last party for him. A memorial service as he would have liked.
The program will include musical performances by local musicians and bands who were close to Pascal and want to remember him, and a few words will also be said about the person he was. Food and drinks will of course be provided. Proceeds from the event will go to his family.
If you would like to perform one or more songs, or say a few words about Pascal, please contact us.
If you have photos and videos of or with Pascal, please feel free to share them with us
Also check out other Entertainment events in Bourscheid, Music events in Bourscheid, Parties in Bourscheid.