Sport, Spill a Spass no der Summervakanz
D’Associatiounen “Erliefnis Baggerweier” an “Fédération Luxembourgeoise de Gymnastique – FLGym » invitéieren Samschdeg, den 20. September 2025 op déi éischt Editioun vun hierem Event “Fun4All@Baggerweier”.
Bei engem gemittleche Spazéiergang ronderëm de Baggerweier, erwaarden iech eng Partie Aufgaben, deenen dir iech als Grupp sollt stellen. Dobäi sollen den Amusement an de Spaass un éischter Stell stoen.
D’Participante sinn a verschidde Kategorien agedeelt an et gëtt e flotte Präis fir déi Equipp aus all Kategorie, déi di meeschte Punkte gemaach huet.
Fir deelzehuelen kënn dir eis den Umeldeformular ausfëllen a per E-Mail zréckschécken. Mee dir kënnt eis awer och telefonéieren. D’Umeldung ass offiziell wann de Participatiounsbäitrag vun 20 Euro pro Grupp op eisem Kont ukomm ass.
Den Formulaire fir ze downloaden an auszefellen fannt Dir ennert folgendem Link:
https://drive.google.com/drive/folders/1JxuTXFLoulsPoUOoMeKn2Z-eOsArrpcB
Fir är Umeldung a weider Informatioune gëllt d’Email-Adress
ZnVuNGFsbDIwMjUgfCBvdXRsb29rICEgY29t
oder d’Telefonsnummer 691 200 220
Selbstverständlech ass während dem ganzen Event och beschtens fir Iessen, Gedrénks an Animatioun gesuergt.
! Passt w.e.g. är Kleedung dem Wieder un !
Also check out other Sports events in Remich.