Quiz-Frënn opgepasst - d'Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën invitéiert am Kader vun hirem 125. Anniversaire Samschdes de 15. November op e Quizowend!
De ganzen Owend iwwer gëtt äert Wëssen an de verschiddenste Beräicher (vu Sport, iwwer Geschicht bis hin zum Allgemengwëssen) gefuerdert. Domat dréint sech dëst Joer, anescht wéi déi lescht 2 Joer, net alles just ronderëm d'Beräicher Rettungsdéngschter a Pompjeeën.
Allgemeng Infoen:
- Wéini? Samschdeg 15. November 2025
- Auerzäit? 19h00 - d'Diiren ginn um 18h00 op
- Wou? am KultTourHaus zu Hunchereng (8, rue de l'école L-3341 Huncherange)
- Iessen? Bouchée à la reine mat Räis (an eng vegetaresch Alternativ) esou wéi Dessert'en
- Wien dierft matspillen? Jiddereen!
D'Equippen:
- Dir tried alleng oder an der Ekipp un. PS: an der Ekipp mécht et méi Spaass 🙂
- Gréisst vun der Ekipp: 1 - 6 Persounen
- All Ekipp brauch natierlech och e passende Numm
- Dir kommt als ganz Ekipp verkleed? Da kritt dir Bonus-Punkten
D'Startgeld läit bei 20,00 €/Persoun (Bouchée à la reine mat abegraff).
Umeldung? www.cibett.lu/quiz
You may also like the following events from Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën - Cibett:
Also check out other
Contests in Pontpierre,
Sports events in Pontpierre.