GamingCafé - Spooktober Edition 🎃
Kommt verkleed, a feiert mat Videogames, Boardgames, guddem Iessen a Gedrénks an déi spooky Saison eran! 🐦⬛🦇💀
Et ass e flott Gaming-Event fir zesummenzekommen, fir ze zocken, an dobäi e Patt ze huelen. Jiddereen ass wëllkomm!🧡🎮
Um GamingCafé ginn et Gaming-Statiounen an Animatioun :
🔸Divers Konsolen: Vu Retro bis Nei ass villes do
🔸Briet- a Kaartespiller
🔸Divers Aktivitéiten, Gewannspiller an Turnéier
🍺 Iessen a Gedrénks zu soziale Präisser
🎫 Gratis Entrée! Dir braucht keng Reservatioun.
Mir hunn och Plaz fir Äre Laptop oder Är eege Konsol. Sot eis einfach am Viraus iwwer Social Media oder Email bescheed!
De GamingCafé ass en Event organiséiert vu videogames.lu a.s.b.l