An engem flotte Kader, bei enger Taass Kaffi oder Téi, iwwert d’Erzéiung vun den Kanner diskutéieren, aner Elteren treffen, Tuyauen austauschen, sech informéieren, zesumme laachen ... mat an ouni Kanner!
Theema vum Dag/Thème du jour: de Schlof vun de Kanner
An dëser Aktivitéit ronderëm de Schlof gi folgend Punkte beschwat:
De Schlof am allgemengen (Opbau, Reguléierung, Ënnerscheeder tëschent Kanner an Erwuessen, Schlofbesoinen,…)
Evolutioun vum Schlof am Laf vun der Zäit
Schlofgestaltung (Eenzelzëmmer vs. Co-Sleeping-an engem Bett…)
Tipps fir e gudde Schlof
Schlofproblemer
Den Echange an déi individuell Beispiller stinn am Vierdergrond.
Rollingen/Mersch, 187a, rue de Luxembourg, Kass-Haff (ferme Kass)
Spillgrupp op fir all interesséiert Elteren a Kanner /Groupe de jeux ouvert à tous les parents et enfants intéressés (LU)
Intervenantes: Tania Hemmer, Educatrice graduée, Coach parental systémique, Éducatrice graduée, coach de sommeil et Nathalie Schaeffer, Educatrice graduée, Coach parental systémique
Partenaire : Kass-Haff, Rollingen