✨🎄 Erlieft d'Magie vum éischte Chrëschtmaart op der Millen zu Rolleng 🎄✨
Taucht an eng Welt vu Liichterglanz, guddem Geroch, gemittlecher Musek an häerzlecher Atmosphär.
Kommt mat Ärer Famill, Frënn a Bekannten a verbréngt mat eis e Moment voller Freed, Liicht a Chrëschtstëmmung.
Loosst Iech verzaubere vun de festleche Stänn, klenge Genëss a villen Iwwerraschungen, déi d’Chrëschtdagszäit esou eemoleg maachen.
📍 Wou? Rolleng/Lamadelaine – rue du Vieux Moulin
📅 Wéini?
➡️ Freides, den 12. Dezember – Afterwork vu 17h00 bis 21h00 Auer
➡️ Samschdes, den 13. Dezember – vun 11h00 bis 20h00 Auer
Kommt mat Ärer Famill, Frënn a Bekannten a verbréngt mat eis e Moment voller Freed, Liicht a Chrëschtstëmmung.
🐴🐴Samschdesnomëttes gëtt et Paerd- a Ponyreiden fir d’Kanner – e flotte Spaass fir déi Kleng
🍽️ Fir de Gumm
Genéisst eng Auswiel u Spezialitéiten:
Champignons • Zoppen • Panescher • Galettes bretonnes • Chili con carne • Wäffelcher • Kichelcher • Sauermous • Curry-, Mett- a Grillwurscht
🍷 Fir ze drénken
Glühwäin • Jagertéi • Shots • Applejack • Glühgin • waarme Schocki • Téi a Soft
🎁 Fir d’Aen an d’Häerz
Handgemaachte Chrëschtdeko, Kichelcher a souguer Hondskichelcher – ideal als klengt Chrëschtkaddo.
🎶 Fir d’Oueren
Live Musek ënnert anerem vun der Péitenger Museksschoul suergt de ganzen Dag fir eng festlech an häerzlech Atmosphär.
🎉 Freideg, 12. Dezember 2025
⏰ 17.00 – 21.00 Auer
🎶 Musikalesch Animatioun
17.00 – 18.30 · Les Amis de l’École de Musique
18.30 – 21.00 · DJ
🎄 Samschdeg, 13. Dezember 2025
⏰ 11.00 – 20.00 Auer
🎶 Musikalesch Animatioun
11.00 – 13.30 · Les Amis de l’École de Musique
14.00 – 20.00 · Orchestre DJ Lungo & Mil
Mir freeën eis drop, dës festlech Deeg zesumme mat Iech ze erliewen! ✨🎅🎁