Bauerenhaff-Erliefnis fir Kanner
Advertisement
Um Programm: Déiere fidderen a lecker Saache baken
Um pädagogesche Bauerenhaff "Um Kémel" zu Consthum kënnen d'Kanner Kéi, Schof, Geessen an Hinger heemelen a fidderen.
Duerno geet et an d'Kichen: Mat frëschen Eeër gëtt hei eppes Leckeres gebak, wat natierlech och am Uschloss dierf geschmaach ginn.
Dës Aktivitéit gëtt vu pädagogesche Bauerenhaff "Um Kémel" an Zesummenaarbecht mat der École du Goût vun den 3 Naturparken organiséiert.
All d'Detailer am Iwwerbléck:
Sammschdes, de 27.09.2025 vu 14:00 - 17:00 zu Consthum
Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer
D'Participatioun kascht 10 € pro Kand
Umeldung iwwer https://ecoledugout.lu/agenda/31
Get Tickets
Advertisement