Event

"Bei mir bist du schéin" : E Concert-Virtrag vum Guy Schons @Ariston, Esch/Uelzecht

Advertisement

"𝐁𝐞𝐢 𝐦𝐢𝐫 𝐛𝐢𝐬𝐭 𝐝𝐮 𝐬𝐜𝐡𝐞́𝐢𝐧".
𝐄 𝐂𝐨𝐧𝐜𝐞𝐫𝐭-𝐕𝐢𝐫𝐭𝐫𝐚𝐠 𝐦𝐚𝐦 𝐆𝐮𝐲 𝐒𝐜𝐡𝐨𝐧𝐬

𝐓𝐈𝐂𝐊𝐄𝐓𝐒:
https://eschertheater.mapado.com/event/566259-bei-mir-bist-du-schein

A sengem Concert-Virtrag retracéiert de Sänger a Kulturhistoriker Guy Schons d‘Geschicht vun den israelitesche Kolonien, der jiddescher Sprooch an dem Zesummeliewen tëscht Judden a Chrëschten zënter dem Mëttelalter.

Hien thematiséiert och d'Pogromer an Osteuropa, d'Flüchtlingskrise an den 1930er Joren an d'Deportatiounen am 2. Weltkrich. Agebonnen an de Virtrag interpretéiert de Guy Schons jiddesch Lidder aus de Ghettoen, wéi "Dona, Dona", a bekannt Lidder wéi „Tumbalalaike" a „Bei mir bist du schéin".

Hien erkläert den Inhalt vun de Lidder op Lëtzebuergesch, ier en se virdréit.

16. September 2025
19.30 Auer
@Ariston
9, rue Pierre Claude
L-4063 Esch/Uelzecht

An Zesummenaarbecht mam Escher Theater
https://theatre.esch.lu/



Advertisement
Share with someone you care for!

Best of Esch Sur Alzette Events in Your Inbox