Event

Bëschfest

Advertisement

D'Houwalder Guiden a Scouten invitéieren op hiert traditionellt Bëschtfest den 5. a 6. Juli beim Chalet um Houwald. (44a, rue Henri Entringer L-1467 Howald)
Samschdes Mëttes ab17h00 waarden vill flott Aktivitéiten fir Grouss a Kleng op Iech. Natierlech ass och fir Iessen an Gedrénks gesuergt.
Ganz nei dëst Joer erwart Iech Samschdes Owes eis Mini-Disco an d'Bësch-Lounge mat DJ an Happy Hour.
Sonndes geet et dann um 10h45 un mat enger Massam Bësch an duerno dann de ganze Dag a gemittlecher Ambiance mat Paella, Gegrills, Eisekuchen, flotte Spiller fir d'Kanner etc...
Natierlech hun mir Sonndes och nees eise flotte Mini-Camp mat gemittlecher Scoutsambiance fir d'ganz Famill.
De komplette Programm fannt dir op eiser Affiche hei an der Veranstaltung.
Mir géifen eis freeën wann mir Iech all dee Weekend bei eis um Bëschfest begréisse kéinten.



Advertisement
Share with someone you care for!

Best of Hesperange Events in Your Inbox