Event

Virowend vun Nationalfeierdag zu Keespelt

Advertisement

D’Gemeng Kielen invitéiert all hir Awunner um Virowend vun National­feierdag, un de Feierlechkeeten zu Keespelt deelzehuelen, déi dëst Joer vun de Veräiner vu Keespelt-Meespelt zesumme mat der Kulturkommissioun organiséiert ginn.

Programm:
- 18:00 Te Deum
- 18:30 Feierlech Nidderleeë vun enger Gerbe beim “Monument aux Morts”
- 18:50 Depart vum Cortège fir an d’Musekshal Keespelt-Meespelt (bei schlechtem Wieder fält de Cortège aus)
- 19:15 Usprooch vum Buergermeeschter
Iwwerreeche vun de Verdéngschtmedailen
Éierewäin offréiert vun der Gemeng
- 19:30 Concert vun der Fanfare Kehlen
- ab 21:00 Musikalescht Encadrement mat Saxitude an den DJs Jay & Jay

De ganzen Owend ginn et Spezialitéite vum Grill, an och fir den Duuscht ass beschtens gesuergt.




Advertisement
Share with someone you care for!

Best of Luxembourg Events in Your Inbox