Event

Kueb am Duerf

Advertisement

De Kueb am Duerf geet an eng zweet Editioun ! 🥳

Den 28.06 hu dir rëm d’Geleeënheet ee flotten Owend mam Kueb a Club des Jeunes Gilsdref ze verbréngen.
Vun 18h00 - 03h00 kenn dir bis laanscht kommen a gemittlech ären Owend zu Gilsdref an der Wiss beim Centre Polyvalent ausklénge loossen. ✨

Fir Gedrénks an Iessen iwwert den Owend hu mir natierlech gesuergt.🌭🍻
Nieft deem übleche Gedrénks hunn mir och puer Specials dëst d’Joer, wei ee gudde Gin-Tonic vun Opyos oder ee Wäin vum Clos mon vieux Moulin.🍷

Vir den Honger tëschenduerch bidde mir iech Aperitif-Plateauen un déi am Viraus musse reservéiert ginn, dozou mei Infoen ënnendrënner. Falls dir léiwer eppes Wärmes wëllt hu mir och Gegrills fir iech.😋

Vun 22h00 un hu mir dëst Joer och eng live Band déi iech den Owend mat hirer musikalescher Einlag verséisst.🎶🎵

Och dëst Joer kenn dir rëm een Dësch reservéieren, dofir muss dir zu mindestens 4 oder maximum 10 Persoune sinn. Dir hutt Méiglegkeet dee vun 18h00-21h30, vun 21h30-03h00 oder fir de ganzen Owend ze reservéieren ☺️.

D’Umeldung kascht 20€ a muss am Viraus gemaach ginn, einfach iwwert de Link oder de QR-Code. Bis den 22.06 hu dir Zäit iech unzemellen.
Déi 20€ mussen bis den 26.06 bezuelt ginn, entweder iwwer Payconiq (621 988 431) oder per Iwwerweisung (LU26 0030 0084 4742 0000). D’Umeldung fir den Dësch muss ëmmer nëmmen eng Persoun aus dem Grupp maachen, an iwwert déi kenn dir och ären Aperitif-Plateau reservéieren.
Maacht iech bei, well och hei ass deen Éischte fir.😉

Hu dir lo net onbedéngt een Dësch reservéiert si dir natierlech awer häerzlech invitéiert laanscht eppes drénken oder Klenges iessen ze kommen.🍻

De Club des Jeunes Gilsdref freet sech ob iech!🥳

https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSdSoZoRDhKkwpj9ZZrdLUjevzMbiWfzbWYbBkoO1fxmz08Cag/viewform?usp=header



Advertisement
Share with someone you care for!

Best of Diekirch Events in Your Inbox