Konferenz: E Naturnoe Gaart fir d'Biodiversitéit ze ënnerstëtzen
Advertisement
De Gaart ass net nëmme fir eis Mëschen en erhuelsame grénge Fléck, mee e kann duerch eng naturno a bestëbserfrëndlech Gestaltung och direkt zum Erhalt vun der Biodiversitéit bäidroen.
Zil vun dësem Virtrag ass, fir déi wichtegsten Usätz ze vermëttelen, wéi een de Gaart doheem op eng einfach an effektiv Manéier naturno gestalte kann, ouni op ästhetesch a funktional Ufuerderunge ze verzichten. E faarweprächtege Réckzuchsuert fir Bestëbser, ewéi Beien a Päiperleken an awer och fir vill aner Déiere, ka jiddereen ouni vill Opwand an ouni den Asaz vu Pestizide bei sech doheem schafen.
Nieft der Auswiel, der Hierkonft, an der Zesummestellung vu Planze gëtt heibäi och d'Fleeg vum naturnoe Gaart thematiséiert, déi e groussen Afloss op déi sëlleg Liewewiesen huet. D’Roll vu verschiddenen Strukturen an d’Schafung vun zousätzlechen Nisthëllefe gi beschwat. Zu gudder Lescht wäerten och nach e puer besonnesch Liewewiesen mat hiren Uspréch un den naturnoe Gaart virgestallt gin.
Riedner: Lisa Siebenaler
D'Natur huet d'Lisa Siebenaler schonn ëmmer interesséiert. Insekten an hier Interaktioun mat Planze leie hier ganz besonnesch um Häerz. Aus dësem Grond huet sech och hier Ausbildung un dësen Interessi orientéiert.
Si huet op der RWTH Aachen University e Master of Science mat enger Verdéiwung an der Ëmweltökologie gemaach a schafft säit 2019 am Service scientifique vum Naturschutzsyndikat Sicona, wou si sech ënnert Anerem am Kader vun der Aktioun Päiperlek ëm d'Sensibiliséierung an d'Gestaltung vun naturnoe Gréngflächen am Siedlungsberäich këmmert.
Get Tickets