Den 21. November 2025 ass et erëm esou wäit! Den DT Syra Ouljen organiséiert säin 4. Quizowend!
Wéini? Freides, den 21. November 2025
Wou? Am Syrkus zu Rued-Sir (20 Route de Luxembourg, L-6910 Roodt-sur-Syre)
Ekipp'en vun 4 - 6 Leit. D'Unzuel un Ekipp'en ass begrenzt, dofir maacht iech séier bäi!
Startgeld: 40€ pro Ekipp
Eis Dieren ginn um 18h30 op, vir dass dir virum Start vun eisem Quizowend nach Zäit vir een Aperitif an ee Maufel Z'iessen hutt. (Bréidecher, Chili con carne, Chili sin carne)
Start vum Quiz: 19h30
Umellen kënnt dir iech ab elo ënnert folgender E-mail Adress:
cXVpem93ZW5kICEgZHRzeXJhb3VsamVuIHwgZ21haWwgISBjb20=
Gitt bei der Umeldung w.e.g Folgendes un: Ekippennumm & Unzuel un Leit an ärer Ekipp
Äer Umeldung ass eréicht fix, wann 1. d'E-mail gemaach an 2. d'Startgeld bezuelt ginn ass
OPGEPASST: ereicht iwwerweisen NODEEMS dir eng Bestätegungse-mail op Äer Umeldungse-mail krut, merci
Bezuelen: per Iwwerweisung un den DT Syra Ouljen (LU65 1111 0593 2053 0000) oder per Payconiq (691 343 164)
Als Kommunikatioun gitt dir äeren Ekippennumm un.
Mir freeën eis op iech!
Also check out other Contests in Luxembourg.