

# Event Details

- **Event Name**: Familjen Opstellungen mam Jérôme Grethen
- **Event Start and End Date**: Wed, 25 Feb, 2026 at 06:15 pm – Wed, 25 Feb, 2026 at 09:15 pm
- **Event Description**: Systeemesch Familljen-Opstellungen
D’systeemesch Familljen-Opstellung ass eng fundéieret, déifgräifend an duerstellereg Method, déi erméiglecht d’Zesummenhäng an der Familljen- an der perséinlecher Geschicht ze verstoen, ze erfaassen, an sech deementspriechend nei ze orientéieren.
Dobäi ginn, ënner anerem, verstoppte Konflikter, generatiounsiwwergräifend Verstréckungen an intern Dynamiken opgedeckt, onsiichtbar Dynamiken an engem kloere Bild siichtbar gemaach, an Onausgeschwatenes benimmt – mam Zil, se ze verstoen, wann méiglech opzeschaffen, a komplex Liewenserfarungen ze integréieren.
D’Opstellung ënnerstëtzt Iech dobäi, méi ënnere Fridden ze fannen, Äert Selbstbild ze stäerken fir kënnen d’Liewen mat méi Sécherheet, Liichtegkeet an Harmonie unzegoen.


Gruppesëtzung // Zesummen an d'Erkenntnis andauchen.
An enger ënnerstëtzenden a respektvollen Kaader exploréiere mir gemeinsam verschidde Liewensberäicher: Familljesituatiounen, Partnerschaften, intern Konflikter, emotional Blockagen oder aner Erausfuerderungen, déi Iech beschäftegen. Dëst geschitt op dräi verschidden Aart a Weisen:
• Perséinlech Opstellung
Dir bréngt Är eege Thematik mat an loosst se opstellen, fir nei Ablécker an en méi déiwen Versteesdemech ze fannen.
• Stellvertriedung
Dir hëlleft an den Opstellungen vun aneren a spiert dobäi, wéi sech verschidden Dynamiken am eegene Kierper a Gefill weisen.
• Observatioun
Dir kënnt als rouege Beobachter dobäi sinn, d’Prozesser verfollegen a vun de gemeinsame Erkenntnisser profitéieren.

Beim systeemeschen Opstellen an der Grupp sidd Dir net nëmmen am tëschenmënschleche Matgefill gehaalen, mee et kommen ënnerlech Biller a Mustere zum Virschéin déi mat Ären eegene Erfarungen resonéieren an nei Weeër opmaachen.
Op Wonsch kann Är Thematik och anonym opgestallt ginn.

Prais:
Als Stellvertrieder/Observatioun: 45 €
Fir eng perséinlech Opstellung: 80 €

Dauer: 3 Stonnen fun 18h30-21h30

Umeldung iwwer email: info@scarabaeus.lu oder Tel. 26262201


Eenzelsëtzungen, Méi en déiwen Abléck

Komplett Familljenopstellung. Eng déifgräifend usernanersetzung, Opklärung an een Opschaffe vu Villfältegen Themaen a Situatioune (aus der Kandheet an/oder aktuell) déi däi Liewe belaaschten, fir kënnen ee Schratt weider ze goen,
sech ze entwéckelen, Entscheedungen ze huelen an duerchzesetzen, en therapeutesche Prozess ze begleeden a.s.w. (3h-295€)

Systeemesche Coaching fir ee spezifescht Thema mat Hëllef vun enger klenger Opstellung oder systeemeschen Duerstellungen ze verstoen, ze analyséieren a léisungsorientéiert duerchzeschaffen. (100€ d’Stonn)

Systeemesch an Integrativ Opstellunge ginn och an anere Formater agesat, wéi zum Beispill : Mediatioun a Konfliktreegelung, Supervisioun vun Equipe a Betriber, an am sozio-edukativen a pedagogesche Beräich, fir Teamopbau, Strukturéierung vun Organismen a Betriber, Work-Life Balance fir Mënsche mat héijen Erausfuerderungen a.s.w.


De Jérôme Grethen, nieft sengem Beruff als Kënschtler, Chargé de Cours a Pressezeechner, ass e passionéierten Opsteller, dee sech zënter 2012 intensiv a professionell mat der systeemescher Aarbecht befaasst. No ville Joren internationaler Praxis ass hien nees zu Lëtzebuerg installéiert a bréngt eng breet Palette vun Erfarungen aus Gruppen- an Eenzelaarbecht mat.
Säi spezifeschen Usaaz ass geprägt vun enger raffinéierter Verbindung tëscht systéemeschen Opstellungen an aneren entwécklungsorientéierte Methoden. D’Opstellungen déi hien facilitéiert, si mat psychologesche Prinzipien verknäppt, fir dass se net op eng spirituell Dimensioun limitéiert ass, mee och
konkret am Alldag nëtzlech an umierksam sinn.
- **Event URL**: https://allevents.in/luxembourg/familjen-opstellungen-mam-jérôme-grethen/200029697294427
- **Event Categories**: 
- **Interested Audience**: 
  - total_interested_count: 30

## Ticket Details

- **Ticket URL**: http://facebook.com/200029697294427?utm_source=AllEvents.in&utm_medium=event-discovery-platform&utm_campaign=luxembourg-events

## Event venue details

- **city**: Luxembourg
- **state**: LU
- **country**: Luxembourg
- **location**: 11, rue de la Boucherie, 1247 Luxembourg, Luxembourg
- **lat**: 49.61152
- **long**: 6.13327
- **full address**: 11, rue de la Boucherie, 1247 Luxembourg, Luxembourg

## Event Organizer details

- **affiliate_id**: 2
- **organizer**: Scarabaeus SARL (https://allevents.in/org/scarabaeus-sarl/21063050)

## Event gallery

- **Alt text**: banner
  - **Image URL**: https://cdn-az.allevents.in/events1/banners/ae26ae79ce08044353b30bb1b2668dc052b8cdf84829c3416db76d23d5d6ab39-rimg-w1200-h1177-dc46332c-gmir?v=1771533327
- **Alt text**: thumbnail
  - **Image URL**: https://cdn-az.allevents.in/events1/banners/9f3882c037bbd14ba19abf6aaa0448e2453acc5163562dc7e48574e14242703a-rimg-w300-h300-dc46332c-gmir?v=1771533327

## FAQs

- **Q**: When is the event happening?
  - **A:** Wed, 25 Feb, 2026 at 06:15 pm
- **Q**: Where is the event happening?
  - **A:** 11, rue de la Boucherie, 1247 Luxembourg, Luxembourg
- **Q**: Who is organizing the event?
  - **A:** Scarabaeus SARL
- **Q**: What type of event is this?
- **Q**: Where can I find ticket details about Familjen Opstellungen mam Jérôme Grethen ?
  - **A:** You can find ticket details about this event on AllEvents.

## Structured Data (JSON-LD)

```json
[
    {
        "@context": "https://schema.org",
        "@type": "Event",
        "name": "Familjen Opstellungen mam Jérôme Grethen",
        "image": "https://cdn-az.allevents.in/events1/banners/ae26ae79ce08044353b30bb1b2668dc052b8cdf84829c3416db76d23d5d6ab39-rimg-w1200-h1177-dc46332c-gmir?v=1771533327",
        "startDate": "2026-02-25",
        "endDate": "2026-02-25",
        "url": "https://allevents.in/luxembourg/familjen-opstellungen-mam-jérôme-grethen/200029697294427",
        "location": {
            "@type": "Place",
            "name": "11, rue de la Boucherie, 1247 Luxembourg, Luxembourg",
            "address": {
                "@type": "PostalAddress",
                "streetAddress": "11 Rue de la Boucherie, L-1247 Ville Haute, Luxembourg",
                "addressLocality": "Luxembourg",
                "addressRegion": "LU",
                "addressCountry": "LU"
            },
            "geo": {
                "@type": "GeoCoordinates",
                "latitude": "49.61152",
                "longitude": "6.13327"
            }
        },
        "eventAttendanceMode": "https://schema.org/OfflineEventAttendanceMode",
        "description": "Systeemesch Familljen-Opstellungen\nD’systeemesch Familljen-Opstellung ass eng fundéieret, déifgräifend an duerstellereg Method, déi erméiglecht d’Zesummenhäng an der Familljen- an der perséinlecher Geschicht ze verstoen, ze erfaassen, an sech deementspriechend nei ze orientéieren.\nDobäi ginn, ënner",
        "organizer": [
            {
                "@type": "Organization",
                "name": "Scarabaeus SARL",
                "url": "https://allevents.in/org/scarabaeus-sarl/21063050"
            }
        ]
    }
]
```