🎄✨ Schierener Wantermaart 2025! ✨🎄
Reservéiert Iech den 28. & 29. November 2025 fir de Schierener Wantermaart. Mat engem Creator Market, eise Schierener Veräiner, flotte Special Acts, an dëst Joer erëm mam Highlight, op dat Dir Iech freeë kënnt:
🎈 Ballon Nightglow-Show den 29. November. Nei dëst Joer mat dobäi si Modellballonen 🎈
☕️ Iessen a Gedrénks gëtt vun de Schierener Veräiner zervéiert.
🌟 Mat dobäi sinn och d'Kanner an d’Schüler aus der Maison Relais an der Schierener Schoul, déi hir eege Bastelprojetë weisen an Adventskränz ubidden, souwéi herrlech selwer gemaachten Eisekuche verkafen!
🎶 Event-Programm:
Freides, 28. November:
• 17:00: After Work
• 18:00: Offiziell Ouverture vum Wantermaart
• 18:30: Animatioun mat der Schierener Schoul an der Schierener Musek 🎶
Samsdes, 29. November:
• 17:00 - 22:00: DJ Set by DJ Freezy & DJ Skit
• 19:00: Fireshow vum Fireshow.lu 🔥
• 20:00: Spektakulär Ballon Nightglow-Show an nei dëst Joer mat derbäi sinn Modellballon’en 🎈
Kommt laanscht a verbréngt eng gemittlech Zäit am Duerf, mat waarmem Gedrénks a flotte Momenter, déi Iech op d’Feierdeeg preparéieren. Mir freeën eis op Iech! 🤩
Also check out other Arts events in Ettelbruck, Theatre events in Ettelbruck.