Am Januar ass den nächsten
“Relaxen Kaarten-Owend”
Freides, den 09. Januar ab 19:30 um Camping zu Bettenduerf.
Mir lueden all Frënn vum Konter-Matt häerzlech an op eng gemittlech Kaarten-Partie. Egal ob Ufänger oder alen Hues, ob mat Partner oder eleng – jiddereen ass wëllkomm!
Wichteg, et ass kee Tournoi
Mä et geet just dorëms zesummen ze spillen a Spaass ze hunn. Mir kucken, datt jidderee seng Partien kritt, a Partner oder Géigner kënnen natierlech am Laf vum Owend gewiesselt ginn.
Startgeld gëtt et keent, d’Kaartespiller stelle mir zur Verfügung. All aner Consommatiounen bezilt jidderee selwer.
Wann Dir Froen hutt, da kënnt Dir Iech gären bei engem vun eis véier mellen.
Mir géifen eis immens freeën, wann e puer Leit Loscht a Zäit hätten, fir e flotten Konter-Matt Owend mat eis ze verbréngen.
Mil, Berti, Robert a Robbes.
Also check out other Trips & Adventurous Activities in Diekirch.